Wann et zu enger Panne kënnt, kontaktéiert direkt Äre Netzbedreiwer (G.R.D.)

Hei fann dir d'Kontaktdaten vun de Netzbedreiwer(G.R.D.):

  • Creos Luxembourg S.A.

    Tél: 8002-9900

  • Ville de Diekirch

    Tél: 80 87 80 501 / 80 83 05

  • Ville d'Ettelbruck, B.P. 11, L - 9002 Ettelbruck

    Tél: 819181-1, Fax: 819181-350

  • Sudstroum S.à.r.l. & Co s.e.c.s.

    Tél: 27 54 43 30

Dir braucht just eisen Stroumkontrakt auszefëllen.

Energy Revolt këmmert sech ëm alles (ënner anerem der Kënnegung beim aktuellen Ubidder). Souscriptioun dauert nëmmen e puer Minutten.

Den Ubidder wiesselen bedeit, dass Dir en aneren Ubidder wëllt hunn deen Iech den Stroum liwwert.
Dës Ännerung féiert zu kenger Ënnerbriechung vun der Stroumversuergung, et muss och keen Techniker kommen, et ass alles gratis.

Plënnere bedeit, dass Dir ob eng nei Adress geplënnert sidd. (och wann Dir schonn ee Kontrakt bei engem Stroumubidder fir Är al Adress hutt an de Stroum do verfügbar ass ).

Di néideg Informatiounen sinn :

  • POD Nummer déi aus 32 Zifferen a Buschtawen besteet a mat LU0000 ufänkt.

  • D'Nummer vum Compteur déi mat SAG ufänkt a mat Zuelen ophält.

Dir fannt dës Informatiounen ob Ärer leschter Rechnung. Dir kennt se och un eis weiderleeden fir d'Verwaltung ze vereinfachen.

Dir fannt all eis Stroumtariffer op eisem Internetsite an kënnt dës mat Ärer aktueller Offer vergläichen.

Dir kennt och calculix notzen, de Comparateur vum Institut Luxembourgeois de Régulation (I.L.R.) , dem Regulateur vum Energiemaart zu Lëtzebuerg, deen en neutralen an onofhängege Comparateur ass.

Beim Ubidderwiessel kënnt et zu kenger Coupure vum Stroum.

Bis de Wiessel ofgeschloss ass, gëtt den Stroumverbrauch vun Ärem aktuellem Ubidder verrechent.

De Netzbedreiwer (G.R.D.) suergt weiderhin dofir, dass Stroum do ass, onofhängeg vum Stroumubidder.

Dir kennt fräi entscheeden wéie Stroumubidder Dir wiele wëllt.
Dir braucht net den nämmlechten Stroumubidder ze wielen wéi den viregten Locataire an den Propriétaire kann Iech net virschreiwe wéien Stroumubidder Dir wielen sollt.

Am Prinzip hutt dir keng Verflichtungen bei Ärem Ubidder. Informéiert iech bei Ärem aktuellem Ubidder.

Bei eis kënne Privat- a Geschäftsclienten kënnegen wéini se wëllen : keng Laafzäitsverflichtung, keng Käschten (Opnam oder Kënnegungskäschten).

Nee, Dir behaalt den nämmlechten Zieler, di nämmlecht Leitungen a Kabelen.

Den Oflaf vum Ubidder Wiessel bleift den nämmlechten.

Äre Kontrakt leeft nach ëmmer ob onbestëmmt Zäit, dir hutt zu all Moment d'Recht Ären Kontrakt beim Ubidder ze kënnegen (ënner Berécksiichtegung vu gesetzlecher eenanzwanzeg Deeg Kënnegungsfrist).

D'Tariffer fir d'Netzverbrauch sinn d'selwecht, onofhängeg vun deem Netzwierk de Client säi Liwwerpunkt ass.

D'Netznotzung ëmfaasst :

  • Netznotzungskäschten pro Mount, déi jee no Intensitéit vun Ärem Compteur variéiert (an Euro pro Mount)

  • Zousätzlech fest Käschten pro zousätzlechen Compteur (an Euro pro Mount)

  • Käschten fir d'benotzen vum Netz (an Euro pro Kilowattstonn)

  • Eng Verfügbarkeitskomponent fir Clienten, déi eegen Verbrauch wëllen hunn (an Euro pro Kilowattstonn)

  • Stroumsteier (an Euro pro Kilowattstonn)

  • Eng Contributioun fir de Kompensatiounsfong (an Euro pro Megawattstonn)

  • TVA (an Euro pro Kilowattstonn)