Wat versteet een ënnert Energy Revolt !

Kooperativ

Gegrënnt am Joer 2015,

wou jidderee seng Suen an d'Entwécklung vun nohaltege Energieprojeten investéieren kann.

Akzeptéiert Memberen

Si riicht sech u jiddereen :

Privatleit, Firmen a jiddereen, dee mengt, datt mir propper an dezentraliséiert Energie brauchen.

Een Undeel kascht 150€

D'Unzuel vun den Aktien ass net limitéiert.

Investéiert Suen

Eng lokal Plus-value an ee Notze fir d'Ëmwelt.

Eida

Société anonyme

Energipark Réiden

Société anonyme

Fiduciaire Interregionale

Société anonyme

Paul Kauten

private Bierger

Julien Braun

private Bierger

Albert Goedert

private Bierger

Max Hilbert

private Bierger

Jean Hoeltgen

private Bierger

Marc Neu

private Bierger

Ingrid Van der Kley

private Bierger

Installatioun

Holzhackschnitzel-Heizungsanlag

Christnach

Installatioun

Holzhackschnitzel-Heizungsanlag

mat enger thermischer Solaranlag

Useldange

Wandpark Feelen

Kaf vun Parten an engem Wandpark zu Feelen

Investitioun: 7 020 €

Installatioun

Gemeinsaamt Notzen

vun 3 Haiser vun enger Photovoltaikanlag

Wandpark zu Weiler

Kaf vun Parten an engem Wandpark zu Weiler

Investitioun: 49 725 €

Kaf

Bestehend Photovoltaikanlag

um Daach vum Pall Center

Wand Projet

Beckerich

Finanzéierung

Individuell Photovoltaikinstallatiounen fir Stéit

Mir gleewen, datt eng nohalteg Energieversuergung de Bierger uvertraut soll ginn a net de grousse Betriber

Déi lescht Joren hunn d'Gefore gewisen, déi duerch eng ze grouss Konzentratioun vum Kapital op internationalen a virtuelle Finanzmäert entstane sinn.

Investéiert Suen

Garantie datt déi investéiert Sue benotzt gi fir d‘Energietransitioun ze fërderen.

Lokale Bäitrag

Fir eng lokal wirtschaftlech, sozial an ëmweltfrëndlech Plus-value ze schafen.

Produktioun Methoden

Bäidroen zur Demokratiséierung vun de Produktiounsmëttelen.

Um Wee Richtung Energie Onofhängegkeet.

Plus-value

Fir eng lokal wirtschaftlech, sozial an ëmweltfrëndlech Plus-value ze schafen.

Klimawiessel

De Klimawandel bekämpfen.

Energie Transitioun

E weidere Schrëtt a Richtung Energietransitioun.

Statuten

Kooperativ

Souscriptioun

Souscriptiounen ginn d'ganzt Joer ugeholl.

Awer fir beim finanzielle Bilan vum aktuelle Joer deelzehuelen, musst Dir Iech virum 1. Juli aschreiwen.

Fir matzemaachen, fëllt einfach den Umeldungsformular aus a schéckt en un eis.

Remboursement

Dir kënnt eng Demande maache fir Äert Kapital an den éischte 6 Méint vum Finanzjoer ze recuperéieren.

De Remboursement erfollegt nodeems d'Generalversammlung de Bilan fir dat finanziell Joer bestätegt huet, an deem d'Demande agereecht gouf.

(Referenz Artikel 16 vun de Statuten)

Reinvestitioun

No all Joresbilanz, déi eemol am Joer stattfënnt, ginn Iech d'Dividenden zeréckbezuelt. Dir kënnt awer nei investéieren andeems Dir eng oder méi nei Parten kaaft. De Kaf vun Parten kann zu all Moment vum Joer gemaach ginn.

Bank Donnéeën

ENERGY REVOLT

IBAN : LU82 0030 1595 5125 1000

BIC : BGLLLULL

No Validatioun vum Verwaltungsrot, kënn Dir d’Suen iwwerweisen.